Interessante Lektüre
D’Dülmener (Broschüre 40e Tour de Luxembourg 2006)
Kaum ee kënnt se hei zu Lëtzebuerg: d’Dülmener Wëllpäerd. Si liewen am “Merfelder
Bruch”, 12 km westlech vun der Stat Dülmen. Schonns am Joer 1316 gouf vun dëse
Päerd geschwat, eng Rass déi et nëmmen an dësem Bësch an dëser Moorgéigend
gëtt. Et sinn em di 350 Päerd, di eenzeg wëll liewend Grupp di et op dem europäesche
Kontinent gëtt. Si bewegen sech op engem Terrain vun 400 ha deen dem Herzog von
Croy gehéiert, deen dëst alles ënnerhält fir d’Rass virum Ënnergang ze retten.
D’Dülmener hun sech iwwert des Rei vu Joeren der Natur ugepasst. Si sin robust,
gesond Päerd a stellen keng Uspréch. Déi Géigend wou se liewe steet ënnert Naturschutz
an un éischter Plaz steet d´Erhale vun dëser Päerdsrass an dësem villfältege
Biotop, deen et méiglech mécht desen Päerdstyp ze prägen. En Hannergedanken
ass och hiren ursprénglechen Gen ze erhale, fir eventuell iergendwann eng Kéier déi
duerch de Mënsch iwwerziichten Päerdsbestänn duerch seng “Natiirlechkeet” erëm
opzebesseren. Hiert Verhalen an hierem natierlechen Ëmfeld ass och e wichtege
Beitrag fir d´Forschung, well esou eng Päerdspopulatioun, wie ee se hei am Meerfelder
Bruch gesäit an déi vum Mënsch kaum beaflosst gëtt, fënnt e seelen.
Nun, wéi gesinn des Päerd aus? D´Mieren, di an dëser Grupp liewe sin kräfteg, vun
hellbeige bis schwaarzbrong ass alles vu Faarwe vertrueden (keng Schëmmel). Vill
hun der en Aalstrech iwwert de Réck an hir Mähnen si oft zweefaarweg (hell matt
donkel gemëscht) wat immens flott ausgesäit. Obschonns se ni gestréilt gi (bei 350 Stéck wier daat och nett einfach), hun se e blénkegt Fell. Se wierken och nett
mënscheschei oder ängschtlech - et ass hinne jo och nach näischt Schlechtes widderfuer
- also firwat sollte se och? Si ginn awer d´ganzt Joer iwwer vun engem Fieschter
kontrolléiert an e Vétérinaire dréit säin Deel dozou bäi dass se all gesond sinn.
Lo kommen ech awer zu dem wichtegsten Ereegnes vum Joer - daat eenzegt wat
d´Dülmener mat Mënschen zesummebréngt: den “traditionelle Wildpferdefang”. Zu
dësem Evenement treffe sech all Joer die lescht Woch am Mee, op dem Samschdeg,
em die 10000 Leit am Meerfelder Bruch fir dësem Spektakel nozekucken - a spektakulär
ass en! An enger risegrousser Arena an Hufeiseform sëtzen d’Leit a waarden
op de grousse Moment. Vun 12:00 Auer un ass Showprogramm: Museken trieden
op, Virféierunge gin gemaach matt Hënn, Schof, Mini Shetland Ponys an der Kutsch
zu verschiddenen Themen “verkleet”, alles ganz witzeg opgezunn, Quadrillen gin
geridde vu lokale Reidveräiner, jee, et gëtt vun allem. Vill Leit hun sech vill Aarbecht
gemaach fir dat alles zesummenzesichen a méiglech ze machen. Da gëtt awer
och gewise wat d´Dülmener kënnen.
Si sin fir all Zort vu Fräizäitreiden gëeegent:
fir Bësch, Dressur- an (kleng) Sprangreider, kuerz et ass e Villsäitegkeetspäerd
fir wann ee vun allem e bessen well machen. Wonnerschéi sin se an der Kutsch.
Doduerch dass se all déiselwecht Gréisst hun passe se ëmmer beieneen a wann
d’Faarf och nach déiselwecht ass, ass d´Bild am schéinsten.
Um 15:00 Auer ass et dann esou wäit, d´Spannung ass grouss an no der Ukënnegung
vum grousse Moment ass et ganz roueg an der Arena a jidderee spëtzt d´Oueren!
Bemol héiert een et donneren: honnerte vun Houf doen de feste Buedem vibréieren.
Da gesäit ee se: a vollem Galopp komme se op den Agank vun der Arena zou,
an enger riseger Stëbswollek, d´Schuddere gin engem aus bei deem Bild. Ongeféier
350 Mieren matt hirem Nowuess, die mathale wie wann dat normal wier. Wann
d´Stëbswollek sech geluech huet sti se do a kucke ronderëm. Fillen sichen nach no
hire Mammen die se ënnerwee verluer hun. Di erfueren Mieren wëssen em wat et geet.
D´Leit kréien Zäit fir desen schéine Moment ze genéisse well gläich geet de Spektakel
lass. Em die 30 staark Männer aus der Ëmgéigend machen all Joers fräiwëlleg mat
fir sech vill blo Platzen an aner Verletzungen anzefänken. 6-10 Päerd gin gesënnert,
an da gëtt gekuckt ob en Hengscht vum Joer virdrun dobäi ass. Dee gëtt da matt der Hand agefaangen. Dëst kléngt einfach, vergiesst nett dass et Wellpäerd si - daat
mierkt ee spéitstens wann d´Borschte versichen zu dräi desen jonken Hengscht vun
der Grupp ze trennen. D´Päerd ass en Herdendéier an esou séier kritt een deen nett
do eraus! D´Mieren ëmkreesen den ausgewieltenen an dee klengen Hengscht wiert
sech: d´Been fléien héich no hannen, no fir, de Kapp ass och ganz geféierlech, a
wann d´Jongen nett de richtege Moment op d´Säit sprange gin se gewuer wéi wéi
esou e klengen Houf kann doen. Eng an d´Gesiicht, an d´Rëppen, an de Knéi, dëst
Joer wor vun allem dobäi - mee daat gehéiert dozou. Die Kléng wiere sech esou gudd
et geet, mee normalerweis gewënnt an dësem Fall den Zweebeener - si sin jo och zu
méi! De klengen Hengscht muss dru gleewen a gëtt säitlech op de Buedem geluecht.
Zu 5 leie se op him fir dass hie roueg bleift währenddem hien den éischte Kontakt matt
engem Halfter ze spiere kritt. Dann dierf hien erëm opstoen. Mee wann der mengt
daat wier et, dann hudd der iech gëiert. Elo geet de Véier- mam Zweebeener duch
d´Arena spazéieren an den Hengscht huet de längeren Otem. Mee d´Jonge loossen
d´Seel awer och nett lass. Op de Fieschten, um Hënner, um Réck oder Bauch gin se
mol wéi laang vum Hengscht nogezunn an d´Publikum huet gudd Laache wann en
aneren de Misère huet! Iergendwann, wann d´Leit sech op deen nächste Kandidat
konzentréiert hun, huet de Mann et geschafft mam eejäeregen do unzekomme wou
hie wëllt an do kritt d´Fillen da säi Brandzeechen opgedréckt.
An der Arena ass e Gatter ofgetrennt. Do kommen d´Mieren matt den neie Fillen
dra wa se gesënnert gi si. Munch eeler Mieren stelle sech einfach schonns direkt
bei d´Gatter well se wëssen dass hinnen näischt geschitt, a si wëllen direkt era fir
hier Rou ze hun. 35 eejäereg Hengschte woren et dëst Joer, iwwert 2 Stonnen huet
de Spektakel gedauert. Leider hun 2 vun de Borschte misse matt der Ambulanz an
d´Klinik an anerer hun d´Eisbeidelen, di an enger Killtäsch bereet leien, opgebraucht
fir d´Volltreffer ofzekillen. Naja, wéi seet e Kolleg “e bessen Verloscht ass ëmmer” a
mir hoffe si hun sech all erëm gudd vum Schock erholl - Zwee- a Véierbeener.
Ah jo, wat matt de Fillen geschitt? Ma si gi nom Spektakel un de Meeschtbiddenden
versteet.
Avis aux amateurs…
Méi Informatiounen: www.wildpferde.de
Ilona BALOGH